Zu engem gesonde Liewen a Wuelbefannen, gehéiert och en psychescht Gläichgewiicht, dat leider duerch Stress an aner Aufgaben net ëmmer erfëllt ka ginn. Dat kann zu Onwuelbefanne féieren an am Extremfall zu psychesche Steierunge bäidroen. Bei béide Punkte kann eng psychologesch Berodung, oder och Therapie hëllefen a schonn no e puer Sëtzungen, kënnt Dir rëm en Gläichgewiicht fannen, wat zu enger besserer Liewensqualitéit bäidréit.
Wéi systemesch Therapie kann hëllefen
Am Géigesaz zu aneren Therapierichtungen, läit beim systemeschen Usaz den "Problem" net AN der Persoun, mä ass op säi ganzt Ëmfeld a Bezuchssystem, souwéi op oft onbewosst Regele an Verhalensmuster, zeréckzeféieren.
Dobäi leien déi erfuerderlech Ressourcen, déi ee brauch fir de Problem ze iwwerwannen, an der Persoun selwer an des Stäerkte sollen am Laf vun der Therapie, mat Ënnerstëtzung vum Therapeut opgedeckt ginn.
Dat Ganzt ass méi, wéi d'Zomme vu sengen Deeler. (Aristoteles)