Melanie Joy, Ph.D., Ed.M., who is a Harvard-educated psychologist and professor of psychology and sociology is coming to Luxembourg.
In her captivating slide show, Dr. Melanie Joy explains carnism, the invisible belief system that shapes our perception of the meat we eat, so that we love some animals and eat others without knowing why.
Regierungsrot: Legale Kader fir Beruff vum Psychotherapeut
Am Ministerrot huet de Premier Jean-Claude Juncker iwwert dGespréicher informéiert, déi hien zu Paräis mam nei gewieltene franséische President François Hollande hat.
Donieft hunn dMinisteren ë.a. de Serge Sandt zum President vum Waassersyndikat SEBES gemaach an dKonte vun zejoert vun der Philharmonie guttgeheescht.
Zu gudder Lescht huet de Ministerrot e Gesetzprojet ugeholl, duerch deen de Beruff vum Psychotherapeut e legale Kader kritt, sou wéi et am Regierungsprogramm festgehale gi war; deemno sollte verschidde Spezialitéite wéi eben déi vum Psychotherapeut unerkannt ginn.Regierungsrot: D'Ministeren hunn ee Gesetzprojet ugeholl, duerch deen de Beruff vum Psychotherapeut e legale Kader kritt.
De Moment ass den Titel vum Psychotherapeut net geschützt. Dobäi kéint dpsychologesch Hëllef, déi wéineg oder net qualifizéiert Leit ubidde géifen, fir Patiente geféierlech sinn, déi schonn net gutt dru wären.
An enger éischter Phas ginn dKonditioune fir dFormatioun zum Beruff vum Psychotherapeut fixéiert; dat kann een nëmme ginn, wann een un Unisdiplom a Psychologie oder a Medezin huet. Donieft brauch dKandidatin oder de Kandidat e lëtzebuergeschen Diplom oder Certificat am Zesummenhank mam Beruff vum Psychotherapeut, an am Gesetztext gëtt opgelëscht, wat fir Kompetenzen dës Leit mussen hunn.
Wat dDeontologie ugeet, hänken dPsychotherapeute vum Collège médical of; dee muss dann och e Code de déontologie fir Psychotherapeuten ausschaffen. Des Weidere gëtt e wëssenschaftleche Rot vu Psychotherapeuten an dLiewe geruff.